Pierre Grach
lëtzebuergeschen Architekt From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Pierre Grach, gebuer den 10. August 1903 zu Veianen, a gestuerwen den 28. Dezember 1971 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Architekt.
| Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
No sengem Secondaire huet de Pierre Graach op der Académie royale des beaux-arts zu Bréissel studéiert wou hien 1927 säin Diplom als Architekt krut. Hien huet dunn nach Stagen zu Stroossbuerg gemaach ier hien 1932 hannescht op Lëtzebuerg koum.
Hie war Comitésmember vun der Vereenegung Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden.
Hie war mat der Molerin a Sculptrice Nina Grach-Jascinsky bestuet.
Remove ads
Wierker
- Neesopbau vum Kräizgank an der Trinitarierkierch vu Veianen
- Primärschoul zu Veianen
- Kino „The Yank“ an der Stad, an Zesummenaarbecht mam Léon Leclerc[1]
- Athénée de Luxembourg zu Lëtzebuerg-Hollerech (zesumme mam Nicolas Schmit-Noesen a mam Laurent Schmit)
Literatur
- Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 206
Referenzen an Notten
- Reuter, Martine: Ein historischer Rückblick - Die Kinos in der Hauptstadt an Ons Stad Nr. 87/2008, S. 30-34 (PDF)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads