Pierre Simonis
Lëtzebuerger Geschäftsmann From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Louis Paul Pierre Simonis, gebuer den 29. Juni 1924[1][2] an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 13. Juli 2025, war e Lëtzebuerger Geschäftsmann an de leschte Patron vum Haushaltswueren- a Spillgezeigeschäft Lassner an der Stad Lëtzebuerg.
Hie war de Bouf vum Geschäftsmann Joseph Paul Simonis an der Madeleine Hoffmann[3][4].
Nodeems de Pierre Simonis am Zweete Weltkrich am August 1943 vun der Wehrmacht desertéiert ass, ass hien a Frankräich geflücht, wou hien zu Le Thiolent an der Gemeng Vergezac an der Haute-Loire en Ënnerdaach fonnt hat, a koum nom Krich hannescht op Lëtzebuerg. Hie gouf mat der Marguerite Leibfried bestuet; d'Koppel krut fënnef Kanner.
Remove ads
Referenzen an Notten
- (lb) Leschte Patron vu "Maison Lassner": Pierre Simonis am Alter vun 101 Joer gestuerwen. www.rtl.lu. Gekuckt de 16.07.2025.
- (fr) Etat-Civil de la Ville de Luxembourg - Naissances. L'indépendance luxembourgeoise (12.08.1924). Gekuckt de 16.07.2025.
- (fr) Avis de décès. Luxemburger Wort, 127. Jg., n° 25, p. 10. (31.01.1974). Gekuckt de 16.07.2025.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads