Pioneer 10
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Pioneer 10 war eng Raumsond vun der NASA (National Aeronautics and Space Administration) fir d'Erfuerschung vum Planéit Jupiter, souwéi vum interplanetaresche Medium an der Haaptasteroidenceinture. Si gouf den 3. Mäerz 1972 vu Launch Complex 36 op Cape Canaveral mat enger Atlas-Centaur-Rakéit gestart. Nieft ville wëssenschaftlechen Erkenntnesser iwwer de Jupiter, d'Haaptasteroidenceinture an den interplanetaresche Weltraum war d'Pioneer 10-Missioun och e wichtege Schrëtt am Beräich vun der Raumsondekonstruktioun a Missiounsplanung. D'Sond hat sech als robust ausgezeechent an hat hiert lescht Signal de Januar 2003 op d'Äerd geschéckt. Mat enger Missiounsdauer vu knapps 31 Joer hat si d'Liewensdauer vun 21 Méint déi sech erwaart gouf, ëm e villfacht iwwertraff.

Remove ads
Kuckt och
Literatur
- John D. Anderson, Philip A. Laing, Eunice L. Lau, Anthony S. Liu, Michael Martin Nieto und Slava G. Turyshev: Study of the anomalous acceleration of Pioneer 10 and 11. In: Physical Review D. Band 65, 2002, 082004, DOI: 10.1103/PhysRevD.65.082004, arXiv: gr-qc/0104064v5
Um Spaweck
![]() |
Commons: Pioneer 10 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
![]() |
Commons: Pioneer-Missiounen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) Detailléiert Beschreiwung vun der Missioun
- (de) Raumfahrer.net: Goodbye Pioneer 10 – en Noruff
- (en)Das Buch „Pioneer Odyssey“ bei NASA History Online
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads