Pittsburgh

US–amerikanesch Stad From Wikipedia, the free encyclopedia

Pittsburgh
Remove ads

Pittsburgh ass eng Groussstad am Südweste vum US-Bundesstaat Pennsylvania. Si läit um Appalachen-Plateau ronn 45 Kilometer vun der Grenz mat Ohio ewech, an engem Dallkessel, wou de Monongahela River an den Allegheny River zum Ohio River zesummelafen. 2020 hunn do knapps iwwer 300.000 Leit gewunnt, woumat Pittsburgh no Philadelphia déi zweetgréisst Stad a Pennsylvania ass.

op ee Bléck Land, Bundesstaat ...
Thumb
Downtown

Et ass d'Prefektur vum Allegheny County an de wirtschaftlechen, politeschen a kulturellen Zentrum vun der Pittsburgh Metropolitan Statistical Area, e Ballungsraum mat ronn 2,36 Milliounen Awunner (2010).

Remove ads

Geschicht

1758, an der Zäit vum Siwejärege Krich gouf op där Plaz e brittescht Fort mam Numm Fort Pitt opgeriicht, dat nom William Pitt, 1. Earl of Chatham genannt gouf.

Wéinst senger gëschteger Lag op de Flëss an den Äerz- a Kuelelager nobäi huet d'Stad sech am 19. Joerhonnert zum wichtegste Standuert vun der US-Stolindustrie entwéckelt, déi bis wäit an d'20. Joerhonnert eran d'Stad staark markéiert huet.

Zanter der Stolkris an den 1970er Joren huet Pittsburgh seng Ekonomie nei missen ausriichten. D'negativ Auswierkunge vum Zoumaache vun de Schmelze konnten do, anescht wéi a villen aneren Industriestied an den USA, relativ gutt iwwerwonne ginn, soudatt Pittsburgh an den USA haut als Musterbeispill fir e reussséierte Strukturwandel gëllt.

Remove ads

Biller

Um Spaweck

 Commons: Pittsburgh – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads