Politesch Partei

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Eng politesch Partei (Lat.: partes = Partei, vun pars, partis = "Deel", "Richtung", "Roll") ass en Zesummeschloss vu politesch interesséierte Mënschen, déi sech am grousse Ganzen eens sinn, wéi d'Zesummeliewen an der Gesellschaft aktiv soll organiséiert ginn.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

An enger parlamentarescher Demokratie gëtt et verschidde Systemer, an deenen d'Parteien agéieren. An engem Zweeparteiesystem sti sech zwou grouss Parteie géigeniwwer, déi d'politesch Landschaft bal komplett dominéieren. Dat ass zum Beispill de Fall an den USA mat der demokratescher Partei an der republikanescher Partei. Am Villparteiesystem gëtt et ganz vill Parteien, wéi am Kamerun, wou am Joer 2015 ganzer 298 Parteien enregistréiert waren.[1],[2] An der westlecher Welt hu vill Länner Méiparteiesystemer, an deem e puer Parteien no de Parlamentswalen an der Lag sinn, sech un enger Regierungskoalitioun ze bedeelegen.[3]

Remove ads

Kuckt och

Referenzen

  1. Bundeszentrale für politische Bildung: Partei (gekuckt den 2. Mäerz 2018
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads