Psychopompos

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Psychopompos (gr. ψυχοπομπóς, "deen, deen d'Séil begleet") ass an der griichescher Mythologie en Epitheton (Bäinumm) vum Hermes, deen d'Séile vun deene Verstuerwenen an d'Ënnerwelt (Hades) begleet huet. E soll déi Funktioun vum Apollo iwwerholl hunn.

Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Virstellung vum Séilebegleeder war allgemeng verbreet. Sou hunn d'Egypter de schakalkäppegen Anubis kannt, an an der germanescher Mythologie hunn d'Walküren déi gefale Krichsleit vum Schluechtfeld op Walhalla geholl. Bei de Kelten huet déi Aufgab den Ogma iwwerholl.

Déi Virstellung huet hiren Urspronk warscheinlech am Schamanismus, wou de Schaman d'Séile vun de Verstuerwenen an d'Jenseits begleet huet.

Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads