Punk

From Wikipedia, the free encyclopedia

Punk
Remove ads

Punk ass eng Jugendkultur, déi an der Mëtt vun den 1970er Joren zu New York an zu London entstanen ass. De Begrëff "Punk" kënnt aus dem Engleschen an heescht souvill wéi "Wouscht".

Thumb
Punken op engem Festival a Groussbritannien (2003).

Charakteristesch fir dës Subkultur si provokatiivt Ausgesinn, eng rebellesch Attitüd an en nonkonformistescht Behuelen. Pregnante Motto vun der Punkbeweegung um Enn vun den 1970er Jore war de Refrain vun engem Lidd vun de Sex Pistols: "No Future". Am Kontext vum Atomkrichrisiko am Kale Krich huet Punk sech deemools géint den Idealismus an Optimismus vun den Hippie geriicht, an ass der etabléierter Gesellschaft (souwuel där reaktionärer wéi och der 68er) desillusionéiert a mat oppenem Refus a Brüskéierung begéint. Haut ass Punk keng eenheetlech anti-alles Beweegung méi, nieft den Anarchisten gëtt et och onpolitesch Mainstream Moude Punken an aner Splittergruppéierungen.

Et gëtt verschidde Rockmusekrichtungen, déi sech "Punk(rock)" nennen.

Remove ads

Kuckt och

  • Oi!
  • Hardcore Punk
  • Anarcho-Punk

Um Spaweck

 Commons: Punk – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads