Quartier Lointain

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Quartier Lointain ass eng belsch-franséisch-lëtzebuergesch-däitsch Koproduktioun, e Film vum belsche Regisseur Sam Garbarski, no der Manga Quartier Lointain vum Jirô Taniguchi.

Séier Fakten Film, Produktiounsland ...

E gouf an der Géigend vun Nantua an zu Lëtzebuerg gedréint.

E koum den 20. Mee 2010 an Däitschland, an de 24. November 2010 zu Lëtzebuerg, a Frankräich an an der Belsch eraus.

Remove ads

Ëm wat geet et am Film?

Den Thomas, eng 50 Joer al, hëlt iertimlech dee falschen Zuch a kënnt a säin Heemechtsduerf, wou en opgewuess ass. Hie profitéiert dovun, op d'Graf vu senger Mamm ze goen, wou et ëm schlecht gëtt. Wéi en nees zou sech kënnt, mierkt en, datt en hie selwer am Alter vu 14 Joer ass. Et schéngt es, wéi wann en an der Zäit zeréckgereest wier. Kann en d'Vergaangenheet änneren, a Saache besser maache wéi deemools?...

Remove ads

Filmpräisser

De Film gouf fir eng Rei Filmpräisser nominéiert, dorënner de Magritte du cinéma an de Kategorien "Beschte Regisseur" (fir de Sam Garbarski), "Beschte Schauspiller" (fir de Jonathan Zaccaï), "Bescht Schauspillerin an enger Nieweroll" (fir d'Tania Garbarski), "Beschte Kostümdesign" (fir d'Claire Dubien) a "Bescht Zeenebild" (fir d'Véronique Sacrez). En huet an der leschter Kategorie gewonnen.

Och beim Filmfestival vu Roum a beim polnesche Transatlantyk Festival war de Film nominéiert. De Léo Legrand war fir seng Roll als jonken Thomas Verniaz fir de Young Artist Award nominéiert, en US-amerikanesche Filmpräis fir Kanner- a Jugendschauspiller.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads