Réimesche Mosaik vun Nennig
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Réimesche Mosaik vun Nennig ass e vun de gréisste réimesche Mosaicker déi et op dëser Säit vun den Alpen gëtt.

Wéi ass de Mosaik entdeckt ginn
Am Joer 1852 huet de Bauer Peter Reuter, wéi hien op sengem Feld südlech vun der Kierch vun Nennig geschafft huet, Mosaiksteng fonnt.
Bei den Ausgruewungsaarbechten ass dunn e réimesche Mosaik entdeckt ginn, de 15,65 Meter an der Längt an 10,30 Meter an der Breet huet. Weider Ausgruewungen tëscht 1866 a 1876 hunn nach Iwwerreschter vun enger grousser réimescher Villa fräigeluet.
Fir dat Ganzt ze schützen, ass am Joer 1874 e Gebai iwwer de Mosaik gebaut ginn.
Remove ads
Wat ass um Mosaik?
De Mosaik besteet aus geometresche Formen an deene siwe Biller ze gesi sinn. Op dëse Biller si verschidden Zeenen aus enger réimescher Zirkusarena representéiert:
- En Tiger deen e wëllen Iesel frësst
- E Léif mat engem Sklav
- E Panter an e Mann mat engem Speer
- Zwéi Männer déi mat engem Bengel a mat enger Gäissel kämpfen
- E Bier mat dräi Männer
- Gladiatoren
- Zwéi Musikanten
Remove ads
Literatur
- Charles Arendt: Das römische Mosaik von Nennig. Vortrag gehalten am 20. September 1908, vor den an Ort und Stelle versammelten Mitgliedern des Vereins Luxemburger Naturfreunde. Bulletin de la Société des Naturalistes luxembourgeois 18 (1908), S. 371-378. SNL
- Reinhard Schindler: Das römische Mosaik von Nennig. Führungsblatt des Staatl. Konservatoramts Saarbrücken. [3. Aufl.], 65. Tsd. Staatl. Konservatoramt, Saarbrücken 1963, 16 S.
Kuckt och
Um Spaweck
![]() |
Commons: Nennig – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads