Ram

Mëllechprodukt From Wikipedia, the free encyclopedia

Ram
Remove ads

D'Ram oder de Schmant, ass deen Deel vun der Mëllech deen am meeschte Fett huet, an dee wann een d'Mëllech stoe léisst, sech uewen drop sammelt.

Thumb
Mëllechzentrifug "vu fréier" am Musée ënner fräiem Himmel "Neuhausen ob Eck zu Tuttlingen a Baden-Württemberg

D'Ram kann duerch d'Ofschäffen oder mat Hëllef vun enger Mëllechzentrifug aus der Mëllech geholl ginn. De Prinzip dobäi ass dee selwechten, hir Trennung vun de moren Deeler vun der Mëllech geschitt duerch déi verschidde spezifesch Gewiichter.

D'Ram kann duerno a verschiddene Varietéite verschafft ginn:

  • Frësch Ram (crème fraîche)
  • Sauer Ram (crème épaisse)
  • Liicht sauer Ram (crème fraîche acidulée)
  • D'Ram ass och d'Basisprodukt vu ville Kéiszorten, vum Botter, a fir Schlagsan ze maachen.

Fir ze verhënneren, datt d'Ram sech op der Mëllech ofsetzt, gëtt déi an de Molkereien homogeenisiéiert.

Beim Kachen huet d'Ram de Virdeel op d'Mëllech datt se net gär iwwerkacht, an och net sou séier wéi d'Mëllech ubrennt.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Ram – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads