Raumfaart
Reesen oder Transporter an oder duerch de Weltall From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Begrëff Raumfaart bezeechent Reesen oder Transporter an oder duerch de Weltraum. Den Iwwergang tëscht Äerd a Weltraum ass fléissend a gouf duerch d'FAI op eng Grenzhéicht vun 100 Kilometer festgeluecht. Ee Raumgefier muss zousätzlech och nach d'Kosmesch Vitess vu ronn 7,9 km/s erreechen, fir een Äerdsatellit ze ginn.

Et ënnerscheet een tëscht:
- bemannter Raumfaart, bäi där Mënschen eng Rees an de Weltraum maachen. Dat si bis lo d'Natioune Russland, d'USA an d'Volleksrepublik China amstand ze maachen.
- onbemannter Raumfaart, betrëfft den Transport an de Betrib vu Satellitten a Sonden an de Weltraum. Um Stand Juni 2014 bréngen 11 Länner an d'ESA onbemannt Starte mat eegenen Drorakéite fäerdeg.
Remove ads
Déi éischt Meilesteng an der Raumfaart
- 3. Oktober 1942: Eng A4-Rakéit (och als V2 bekannt) ass den éischten Objet dee vu Mënsche gebaut gouf, deen d'Grenz zum Weltraum duerchstéisst (85 km). Aner V2-Rakéite solle kuerz Zäit duerno Héichte bis 120 km geflu sinn. D'Amerikaner erreechen 1946 mat der Hëllef vun den Däitsche souguer eng Héicht vun 187 km.
- 4. Oktober 1957: Sputnik 1 (Sowjetunioun), den éischte gebaute Satellit.
- 3. November 1957: Sputnik 2 (Sowjetunioun), huet mat dem Hond Laika dat éischt Liewewiesen an de Raum geschoss.
- 19. August 1960: Sputnik 5 (Sowjetunioun), fir d'éischt landen zwee Liewewiesen (D'Hënn Strelka a Belka) no engem Raumfluch sécher op der Äerd.
- 12. Abrëll 1961: Wostok 1 (Sowjetunioun), de Juri Alexejewitsch Gagarin flitt als éischte Mënsch an de Weltraum.
- 11. August/12. August 1962: Wostok 3 a Wostok 4, d'Kosmonauten Andrijan Nikolajew an Pawel Popowitsch (Sowjetunioun) starten zum éischten Weltraumrendez-vous. Fir d'éischt sinn zwéi Mënschen am Weltraum. Déi zwee Raumschëffer kommen sech bis op 5 km erun.
- 16. Juni 1963: Wostok 6, d'Walentina Wladimirowna Tereschkowa flitt als éischt Fra an de Weltraum. Rendez-vous mam Waleri Bykowski (Wostok 5). Béid Raumschëffer kommen u sech bis op 5 km. erun.
- 12. Oktober 1964: Woschod 1 Dat éischt méisëtzescht Raumschëff ass am Raum. D'Équipe: Wladimir Komarow, Boris Jegorow an Konstantin Feoktistow (Sowjetunioun). De Feoktistow a Jegorow sinn déi éischt Wëssenschaftler am Raum.
- 18. Mäerz 1965: Woschod 2, Den éischte Mënsch Alexei Leonow verléisst d'Raumschëff a schwieft fräi am Weltraum. De Kommandant ass den Pawel Beljajew (Sowjetunion)
- 21. Dezember 1968: Apollo 8, éischt bemannt Moundëmkreesung. Frank Borman als Kommandant. James Lovell, William Anders (USA)
- 16. Juli 1969: Apollo 11, Start zur éischter Moundlandung. Den Astronaut Neil Armstrong betrëtt den 20. Juli 1969 als éischte Mënsch de Mound, hannendrun den Edwin Aldrin. De Michael Collins (USA) flitt d'Apollo-Mammeschëff (Réckkéierkapsel).
- 15. Dezember 1970: Venera 7. Éischt mëll Landung op engem anere Planéit, der Venus. (Sowjetunioun)
- 24. Dezember 1979: Éischte Fluch vun der europäescher Drorakéit Ariane 1.
- 12. Abrëll 1981: De Space Shuttle Columbia start zu sengem éischte Fluch. Et ass dat éischt deelweis nees gebrauchbart Raumtransportsystem.
- 19. Februar 1986: De Basisblock vun der Raumstatioun Mir gëtt an de Raum geschoss.
- 20. November 1998: Mat dem Start vum russesche Sarja-Modul fänkt den Opbau vun der Internationaler Raumstatioun ISS – dat bis elo gréisste Projet an der Raumfaart, un.
- 15. Oktober 2003: De Yang Liwei start als éischte Chinees mat der Missioun Shenzhou 5 an de Weltraum.
- 24. Oktober 2007: China start seng éischt Äerdmoundsond Chang'e-1.
- 22. Oktober 2008: Indie start mat Chandrayaan-1 seng éischt Äerdmoundmissioun.
Remove ads
International Raumfaart
Europa
- European Launcher Development Organisation
- European Space Research Organisation
- European Space Agency
- ASTRO-F
Frankräich
Lëtzebuerg
Asien
China
Südkorea
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
