Regierung Bech-Bodson
Koalitiounsregierung From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Regierung Bech-Bodson war eng CSV-LSAP Koalitiounsregierung, déi den 29. Dezember 1953 aus enger Ëmbildung, nom Doud vum Staatsminister Pierre Dupong, ervirgaange war.
Si gouf e puer Méint drop, bei de Chamberwale vum 30. Mee 1954, confirméiert. Den 29. Juni 1954 sinn den Emile Colling an de Paul Wilwertz derbäikomm.
Zesummesetzung
Vum 29. Dezember 1953 bis den 29. Juni 1954
- Joseph Bech (CSV): Staatsminister; Regierungschef; Minister fir Aussebezéiungen an Aussenhandel; Minister fir Landwirtschaft a Wäibau
- Pierre Frieden (CSV): Minister fir Erzéiung, Bevëlkerung a Famill, den Interieur, Gesondheet,de Kultus, Konschten a Wëssenschaften
- Victor Bodson (LSAP): Justizminister; Bauten- an Transportminister
- Nic Biever (LSAP): Minister fir Aarbecht, Sozialversécherung, Grouwen an Assistance sociale
- Michel Rasquin (LSAP): Minister fir Wirtschaft an Erëm-Opbau
- Pierre Werner (CSV): Finanzminister; Arméiminister
Vum 29. Juni 1954 bis den 29. Mäerz 1958
- Joseph Bech (CSV): Staatsminister; Regierungschef; Minister fir Aussebezéiungen an Aussenhandel; Minister fir Wäibau
- Pierre Frieden (CSV): Minister fir Erzéiung, Bevëlkerung a Famill, den Interieur, de Kultus, Konschten a Wëssenschaften
- Victor Bodson (LSAP): Justizminister; Bauten- an Transportminister
- Nic Biever (LSAP): Minister fir Aarbecht, Sozialversécherung, Grouwen an Assistance sociale
- Michel Rasquin (LSAP): Wirtschaftsminister (den 20. Januar 1958 zeréckgetrueden)
- Pierre Werner (CSV): Finanzminister; Arméiminister
- Emile Colling (CSV): Landwirtschaftsminister, Gesondheetsminister
- Paul Wilwertz (LSAP): Generalkommissär (spéider ëmbenannt a Staatssekretär) fir Wirtschaft (vum 20. Januar 1958 u Wirtschaftsminister)
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
- Thewes, Guy: Les gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848, ISBN 2-87999-118-8
- Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg 2013, Service information et presse du gouvernement (2014)
- Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg 2018 , Service information et presse du gouvernement (2019)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads