Rektaszensioun

From Wikipedia, the free encyclopedia

Rektaszensioun
Remove ads

D'Rektaszensioun; D'Ofkierzung: α, RA (engl. Right Ascension) ass an der Astronomie de Wénkel tëscht dem Längegrad vum Fréijoerspunkt bis zum Längegrad, iwwer deem den observéierten Objet steet, um Equatorplang gemooss. Hien ass d'Passung op der (imaginärer) Himmelskugel zu de geographesche Längtekreesser op der Äerd.

Thumb
Rektaszensioun an Deklinatioun
Thumb
Himmelsequator an Ekliptik

Equatoriale Koordinatesystem

D'Rektaszensioun ass déi eng Koordinat vum equatoriale Koordinatesystem, déi aner heescht Deklinatioun (δ).

Als Nullpunkt vun der Rektaszensioun déngt dobäi de Fréijoerspunkt. D'Rektaszensioun, déi bei de Positiounsdonneeë vun Himmelsobjete gebraucht gëtt, gëtt vun Norden aus betruecht géint den Auerzäresënn gemooss.

An der Astronomie huet sech duerchgesat, fir d'Rektaszensioun net a Grad, awer an der Zäitmooss, a Stonnen unzuginn, wobäi 24 Stonne mat 360 Grad gläichgesat ginn.

α an δ loosse sech mat der Ekliptikschréiegt ε an d'ekliptikal Längt λ a Breet β ëmrechnen – kuckt de klengen Dräieck riets op der Skizz. Dës Koordinatentransformatioun ass fir d'Berechnung vun de Planéitenëmlafbunnen an anere Kierper vum Sonnesystem onerléisslech.

Remove ads

Ofschätzung vun der Visualitéit

Bei bekannter Rektaszensioun vun engem Stär oder aneren astronomeschen Objeten ass liicht ofzeschätzen, zu wat fir enger Zäit am Joer den Objet am beschten ze gesinn ass, andeems den Datum berechent/ofgeschat gëtt, op deem seng héchst Plaz iwwer dem Horizont géint Hallefnuecht fält (Oppositioun). Den Trifidniwwel z. B. huet eng Deklinatioun vu ronn -22 Grad an ass dofir an eise Breeten nëmme schwéier ze gesinn.

Remove ads

Kuckt och

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads