Right Livelihood Award

Auszeechnung fir d'Gestaltung vun enger besserer Welt From Wikipedia, the free encyclopedia

Right Livelihood Award
Remove ads

De Right Livelihood Award (RLA) (iwwersat ongeféier „Präis fir gerecht, adequat Liewensgrondlagen“) ass eng Auszeechnung fir d'„Gestaltung vun enger besserer Welt“ déi zanter 1980 all Joer vun der Stëftung Right Livelihood Award Foundation verginn an duerch Done finanzéiert gëtt.

Thumb

D'Bezeechnung „alternativen Nobelpräis“ ass an den éischte Jore vum Präis an der Ëffentlechkeet entstanen, et ass awer keng offiziell Bezeechnung. Et besteet keng institutionell Verbindung vum Präis mam Nobelpräis.

Remove ads

Geschicht

Virschlag un d'Nobelstëftung

Thumb
Jakob vun Uexküll, Grënner vun der Auszeechnung

De Jakob von Uexküll ass an den 1970er Joren duerch d'Welt gereest an huet vill Aarmut an Ëmweltzerstéierung gesinn. 1980 huet den deemools 35-järege Philatelist a Journalist der Nobelstëftung virgeschloen zousätzlech Nobelpräisser ze stëften, sou z. B. e Präis dee „speziell op d'Besoine vun der Majoritéit vun der Mënschheet an der Drëtter Welt“ ausgeriicht wier. No den Angabe vun der Right Livelihood Foundation huet hie virgeschloen en Nobelpräis fir Ekologie an ee fir d'Iwwerwannung vun der Aarmut ze schafen. Hie wollt sech och finanziell un dëse Präisser bedeelegen.

De Virschlag gouf vun der Nobelstëftung refuséiert, absënns well se keng zousätzlech Präisser aféiere wéilten, nodeems et Kritik gouf wéi den Präis vun der Schweedescher Räichsbank fir Ekonomie agefouert gi war.

Grënnung vum Right Livelihood Award

De vun Uexküll huet doropshin 1980 selwer sou e Präis, de Right Livelihood Award an d'Liewe geruff. Fir d'Finanzement huet hie wäertvoll Timbere verkaaft an domat en Erléis tëscht enger hallwer an enger Millioun US-Dollar realiséiert.

Remove ads

Zweck

De Right Livelihood Award gëtt u Persounen, Organisatiounen an Representante vu Soziale Beweegunge verginn, déi sech mat praktesche Léisungen a Modeller fir eng mënschewierdeg Subsistenz asetzen.

Laureaten

Méi Informatiounen Joer, Laureat(en) ...
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Right Livelihood Award – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads