Robben Island
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Robben Island (Afrikaans: Robbeneiland) ass eng kleng Insel am Atlantik, ronn 7 Kilometer virum Festland, nordwestlech vu Kapstad a Südafrika.
D'Insel ass an der Zäit vun der Apartheid benotzt ginn, fir ë. a. politesch Prisonéier ënnerzebréngen. Ee vun de prominentste Prisonéier war den Nelson Mandela, ANC-Rebellechef, méi spéit President vu Südafrika a Laureat vum Friddensnobelpräis. D'Gefaangener hunn do haart missen a Steebréch schaffen, bis 1971 d'Konditiounen am Prisong verbessert goufen a se souguer do studéiere konnten. Déi lescht Jore vu senger Gefaangenschaft huet den Nelson Mandela benotzt, fir ze studéieren a sech weiderzebilden.
1996 gouf de Prisong fir zerguttst zougemaach an d'Insel ass haut eng national Erënnerungsplaz mat engem Musée a ka besicht ginn. Deels spille fréier Prisonéier de Guide.
Am Joer 1999 gouf d'Insel vun der UNESCO op hir Lëscht vum Weltierwe gesat.
- Robben Island
- De Prisong …
- an de Steebroch op Robben Island
- Vue vu Robben Island aus op Kapstad an den Tafelbierg
Remove ads
Kuckt och
- Lëscht vum Weltierwen
Um Spaweck
| Commons: Robben Island – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
