Robert Edwards
brittesche Physiolog From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Sir Robert Geoffrey Edwards, CBE, FRS, gebuer de 27. September 1925 zu Batley, England a gestuerwen den 10. Abrëll 2013 zu Cambridge, war e brittesche Physiolog a Pionéier am Domaine vun der Reproduktiounsmedezin. Zesumme mam brittesche Gynekolog Patrick Steptoe huet den Edwards d'In-vitro-Fertilisatioun entwéckelt, woufir en 2010 den Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin krut[1].
| Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Hien huet 1980 mam Steptoe am Cambridgeshire d'Bourn Hall Clinic gegrënnt. 1977, no jorelaangen Experimenter, ass et hinne gelongen eng Fra kënschtlech ze befruchten, de 25. Juli 1978 koum d'Louise Joy Brown mat engem Keeserschnëtt op d'Welt[2].
Remove ads
Publikatiounen
- A Matter of Life. How the first „Test Tube Baby“ was Conceived and Born. Zesumme mam Patrick Steptoe. Morrow, New York 1980.
Literatur
- Nicholas Wade: Pioneer of in Vitro Fertilization Wins Nobel Prize. In: The New York Times. 4. Oktober 2010.
- Gina Kolata: Robert G. Edwards, Nobel Winner for In Vitro Fertilization, Dies at 87. In: The New York Times. 10. Abrëll 2013.
Referenzen
- "Laureates 2010" op nobelprize.org
- P. C. Steptoe, R. G. Edwards: Birth after the reimplantation of a human embryo. In: Lancet. Band 2, Nummer 8085, August 1978, S. 366, ISSN 0140-6736.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
