Roger Fritz

däitsche Schauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Roger Fritz, gebuer den 22. September 1936 zu Mannheim, a gestuerwen de 26. November 2021 zu München, war en däitsche Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Fotograf.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Hie war als Schauspiller am Film Fabrik der Offiziere (1960) vum Frank Wisbar an am Krichsfilm Cross of Iron (1977) vum Sam Peckinpah mam James Coburn a Maximilian Schell ze gesinn. Hien huet och an de Filmer Despair (1978), Lili Marleen (1981) an a Querelle (1982), allen dräi vum bedeitenden däitsche Regisseur Rainer Werner Fassbinder inzenéiert, matgespillt.

De Roger Fritz war vun 1967 bis 1974 mat der Schauspillerin Helga Anders bestuet.

Remove ads

Filmographie

Kino

als Regisseur

  • 1967: Mädchen, Mädchen - Haaptacteuren: Helga Anders, Hellmut Lange
  • 1968: Häschen in der Grube - Haaptacteuren: Helga Anders, Anthony Steel
  • 1968: Erotik auf der Schulbank – Episod: Sybille - Haaptacteuren: Helga Anders, Paul Albert Krumm
  • 1970: Mädchen mit Gewalt - Haaptacteuren: Helga Anders, Klaus Löwitsch
  • 1981: Frankfurt Kaiserstraße - Haaptacteuren: Michaela Karger, Hanno Pöschl

als Schauspiller

Remove ads

Bicher vum Roger Fritz

  • Querelle, München, Schirmer-Mosel Verlag, 1982
  • Muc People (Menschen in München), München, T. Bauer Verlag, 2002
  • Die Erinnerung ist oft das Schönste, Fotografische Portraits von Romy Schneider, Ostfildern, Hatje Cantz Verlag, 2008
  • Extrem Bayrisch, München, Südwest Verlag, 2010

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads