Roum
Haaptstad vun Italien From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Roum (Roma) ass d'Haaptstad vun Italien. D'Stad huet 2.748.109 Awunner (Stand 1. Januar 2023)[1],[2] a läit um Tiber.
| Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Metaphoresch steet Roum och fir d'Réimescht Räich a fir d'Kathoulesch Kierch (Vatikan).
Remove ads
Geschicht
Chronologie
Éischt Siidlungsspueren datéieren d'Wëssenschaftler zeréck op ëm 1000 virun eiser Zäitrechnung. Der Legend no ass Roum am Joer 753 v. Christus vum Romulus gegrënnt ginn, deen der Stad och den Numm gëtt.
Roum haut

Roum zielt haut ëm déi 3 Milliounen Awunner, a mat der Agglomeratioun, zu der och de Vatikan zielt, kënnt een op eng Fläch vu ronn 1.500 km2. Roum ass duerch Autobunnsnetzer mat anere groussen italieenesche Stied verbonnen.
Kuckeswäertes
Spréchwierder iwwer Roum
- All Weeër féieren op Roum.
- Roum gouf net an engem Dag gebaut.
Literaturzitater iwwer Roum
- Urbs aeterna (Déi éiweg Stad) Den Albius Tibullus ee vun de grousse Vertrieder vun der réimescher Elegiendichtung a sengem zweete Buch vun den Elegien. Duerno fënnt sech deen Ausdrock beim Ovid: Fasti III, 72
- .. Léiwer hei deen Éischten, wéi zu Roum den Zweeten Am Plutarch Vu grousse Griichen a Réimer steet am "Cäsar 11" den Aussproch vum Julius Cäsar, wéi deen an den Alpen eng aarmséileg Uertschaft gesinn huet, a seng Begleeder gefrot hunn, ob se do och sou e Gestreits géifen opféieren ëm d'Staatsplazen wéi zu Roum.
- ..Eine Welt zwar bist du, o Rom; doch ohne die Liebe wäre die Welt nicht die Welt, wäre denn Rom auch nicht Rom. De Johann Wolfgang von Goethe a sengen Römische Elegien(I.)
Remove ads
Literatur zum Theema
- Jansen, D. / Poeschel, S.: Rom. München, 1990.
- Gregorovius, F.: Geschichte der Stadt Rom im Mittelalter vom V. bis XVI. Jahrhundert. München, 1988.
- Neumeister, C.: Das antike Rom. - Ein literarischer Stadtführer. München, 1991.
- Coarelli, F.: Rom. - Ein archäologischer Führer. Freiburg, 1989.
- Titus Livius: Ab urbe condita. Roum, vu 27 v. Chr. un
- Kolb, Frank: Rom - Geschichte der Stadt in der Antike. München 1995
- Bombeck, Clemens: Auch sie haben Rom geprägt. An den Gräbern der Heiligen und Seligen in der Ewigen Stadt. Verlag Schnell & Steiner, Regensburg 2004
Remove ads
Kuckt och
- Grënnung vu Roum
- Traité vu Roum
Um Spaweck
| Commons: Roum – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
| Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich. |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
