Saier

cheemesch Stoffgrupp From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Saiere sinn am engere Sënn all cheemesch Verbindungen, déi an der Lag sinn, Protonen (H+) un e Reaktiounspartner z'iwwerdroen. Se funktionéieren als Protonendonateur. A wässreger Léisung ass de Reaktiounspartner am weesentlechen d'Waasser. Et bilde sech Oxonium-Ionen (H3O+) an de pH-Wäert vun der Léisung geet erof. Saieren reagéiere mat Basen ënner Bildung vu Waasser a Salzer.

Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Am méi wäite Sënn ginn duerch verschidde Saier-Bas-Konzepter eng wesentlech méi breet Pallett vu cheemesche Reaktioune beschriwwen, déi wäit iwwer déi uewe beschriwwe Reaktiounen erausgoe kënnen.

Saieren a Basen neutraliséiere sech géigesäiteg a gi Waasser a Salzer.

  • Beispill: Salzsaier + Natriumhydroxid ergëtt Waasser an Natriumchlorid
HCl + NaOH -> H2O + NaCl.

Beispiller vu Saieren:

  • HCl, Salzsaier
  • H2SO4, Schwiewelsaier
  • H3PO4, Phosphorsaier
  • CH3COOH, Essegsaier

Saieren hunn e pH-Wäert tëscht 0 a 7, Basen tëscht 7 a 14.

D'Stäerkt vu Saiere gëtt mam pKa-Wäert gemooss.

De Gebrauch vu Saieren ass net ongeféierlech: Saiere kënnen Net-Eedelmetaller an organescht Material verätzen.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Saieren – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads