Saint-Martin (Insel)
Insel an der Karibik, déi deels zu Frankräich an deels zu Holland gehéiert From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Saint-Martin (hollännesch: Sint Maarten) ass eng tëscht Frankräich an Holland gedeelt Insel an der Karibik a gehéiert zu der Grupp vun den Inselen iwwer dem Wand.


Remove ads
Geographie
D'Insel huet eng Fläch vun 87 km². Den héchste Punkt ass de Pic Paradis mat enger Héicht vu 424 Meter.
Geschicht
D'Insel gouf op Mäertesdag, dem 11. November 1493, vum Christoph Kolumbus entdeckt.
1648 gouf d'Insel gedeelt, nodeem franséisch an hollännesch Krichsgefaangen hir spuenesch Giischtercher verdriwwen haten. Der Legend no hunn déi Deportéiert d'Insel ënner sech opgedeelt, andeems en Hollänner an e Fransous eng Course ronderëm d'Insel gemaach hunn. D'Fransousen hunn den Norde kritt, d'Hollänner de Süden. Zanterhier koexistéieren déi zwéin Deeler friddlech mateneen.
An den 1990er Jore gouf St. Martin sechsmol vun Hurrikane ravagéiert. De 6. September 2017 war et den Hurrikan Irma, deen op der Insel grouss Schied hannerlooss huet.
Remove ads
Kuriéises
De Princess Juliana Fluchhafen um hollänneschen Deel vun der Insel läit direkt bei der Plage. Bekannt si Fotoe vun Touristen am Sand, iwwer déi a just e puer Meter Héicht grouss Fligere fléien.
Politesche Status
D'Insel ass politesch an zwee gedeelt:
Saint-Martin, Frankräich
Den Norden heescht Saint-Martin an ass eng franséisch Collectivité d'Outre-mer. Bis 2007 war et en Deel vum franséischen Departement Guadeloupe.
En huet eng Fläch vun 59 km² an 31.397 Awunner (2002).
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Saint-Martin
Sint Maarten
De Süden heescht Sint Maarten. Zanter dem 10. Oktober 2010 huet deen Territoire, mat Curaçao a mat Holland, de Statut vu engem autonome Land am Kinnekräich Holland. Virdru war Sint Maarten en Deel vun den Hollänneschen Antillen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sint Maarten
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Saint Martin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads