Samuel Phillips Huntington

US-amerikanesche Politikwëssenschaftler From Wikipedia, the free encyclopedia

Samuel Phillips Huntington
Remove ads

De Samuel Phillips Huntington, gebuer den 18. Abrëll 1927 zu New York City, a gestuerwen de 24. Dezember 2008 op Martha's Vineyard, war en US-amerikanesche Politikwëssenschaftler.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Thumb
Foreign Affairs mam Huntington sengem Artikel

Hie war de Jong vum Richard Thomas Huntington, engem Publizist an der Dorothy Sanborn Phillips, enger Schrëftstellerin.

De Samuel P. Huntington ass Matgrënner vun der Fachzäitschrëft Foreign Policy a reegelméissege Mataarbechter vu Foreign Affairs. Hien ass zanter Jore Beroder vum US-Ausseministère a leet d'John M. Olin Institute for Strategic Studies op der Harvard Universitéit zu Cambridge (USA).

Den Huntington ass richteg bekannt gi wéinst sengem Buch The Clash of the Civilisations (d.: "Kampf der Kulturen. Die Neugestaltung der Weltpolitik im 21. Jahrhundert.) dat 1996 am Original publizéiert gouf, a sech op en Artikel stäipt, deen 1993 mam selwechten Titel am Foreign Affairs stoung (-> Bibliographie).

Remove ads

Dem Huntington seng Thees

Schonn a sengem Buch Political Order in Changing Societies vun 1969 geet kloer ervir, datt e sech mat dem Néiergank vun de Kulturen, an der Folleg vum Geschichtsphilosoph Arnold J. Toynbee sengen Analyse beschäftegt. D'Zukunft vun den USA an déi militäresch a politesch Hegemonie vu sengem Heemechtsland läit em am noosten. An engem Aufsatz an der Wantereditioun 1988/89 vu Foreign Affairs mam Numm The U.S. - Decline or Renewal kritt de Lieser de Fong vum Huntington sengem Interessi mat.

Remove ads

Zitater

  • „The west won the world not by the superiority of its ideas or values or religion but rather by its superiority in applying organized violence. Westerners often forget this fact, non-Westerners never do.“

Seng Bicher

  • The Soldier and the State: The Theory and Politics of Civil-Military Relations, 1957
  • The Common Defense: Strategic Programs in National Politics 1961
  • Political Order in Changing Societies, 1968
  • American Politics: The Promise of Disharmony, 1981
  • The Third Wave: Democratization in the Late Twentieth Century, 1991
  • The Clash of Civilizations and the Remaking of World Order, 1996. Bis 2008 gouf dat Buch an 39 Sproochen iwwersat.
  • Who Are We? The Challenges to America's National Identity, 2004

Seng Artikelen (Auswiel)

  • The Clash Of Civilisations in: Foreign Affairs, Summer 1993, Band 72, N. 3, Säit 22ff

Kritik

Eng kritesch Ausenanersetzung mam Huntington senger "Clash of Civilizations"-Thees erlaabt dem indeschen Ekonomist a Wirtschaftsphilosoph Amartya Sen säi Buch Identity and Violence: The Illusion of Destiny, dat 2006 bei W.W. Norton zu New York erauskoum, an op Däitsch ënner dem Titel Die Identitätsfalle. Warum es keinen Krieg der Kulturen gibt 2007 vum C.H. Beck Verlag publizéiert gouf.

Kuckt och

  • Paul Kennedy
  • Oswald Spengler
  • Bassam Tibi
  • Arnold J. Toynbee
  • Der Untergang des Abendlandes

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads