Saskatchewan

From Wikipedia, the free encyclopedia

Saskatchewan
Remove ads

De Saskatchewan ass eng Provënz am Süde vum Kanada. De Saskatchewan gehéiert zanter dem 1. September 1905 zu der Kanadescher Konfederatioun. Den Numm kënnt vum Saskatchewan River, dat sengersäits vu Kisiskatchewani Sipi, e Wuert aus der Sprooch vum Indianerstamm vun de Cree, hierkënnt, an dat Floss dee séier leeft bedeit.

Saskatchewan
Thumb Thumb
Fändel Wopen
Devise: Multis e Gentibus Vires
Thumb
All Provënzen an Territoirë vu Kanada
Land: Kanada
Haaptstad:Regina
Gréisst Stad:Saskatoon
Premierminister:Scott Moe (SP)
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 7. Plaz
651.900 km²
9,1 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 6. Plaz
1.033.381 (2011)
1,75/km²
Deel vu Kanada ginn:1. September 1905
Offiziell Sprooch:Englesch
Zäitzon:UTC-6
Postcode:SK
Remove ads

Geographie

De Saskatchewan grenzt am Norden un d'Nordwest-Territoiren, am Süden un d'US-Bundesstaaten North Dakota a Montana, am Westen un Alberta an am Osten u Manitoba.

Saskatchewan ass mat 651.036 km² ongeféier sou grouss wéi Frankräich, d'Benelux-Staaten an d'Schwäiz zesummen, huet knapps 1 Millioun Awunner an deemno nëmmen eng Bevëlkerungsdicht vun 1,6 Awunner pro km² (2006). 13,2 Prozent vun den Awunner sinn Indianer oder Mëschlengen (2001). Saskatchewan huet deemno vun alle kanadesche Provënzen de gréissten Undeel vun Indianer an der Gesamtbevëlkerung.

Gréisst Stied

Déi gréisst Stied sinn (a Klammeren d'Awunnerzuel am Joer 2011):

  • Saskatoon (222.189)
  • Regina (193.100)
  • Prince Albert (35.129)
  • Moose Jaw (33.274)
  • Yorkton (15.669)
  • Swift Current (15.503)
  • North Battleford (13.888)
  • Estevan (11.054)
Remove ads

Ekonomie

De Banken- a Versécherungsekteur (17%), sou wéi och Pëtrol an Äerdgas (13%), sinn déi Branchen, déi am meeschten Ëmsaz maachen. Am Weste vun der Provënz si grouss Äerdgasfelder. D'Landwirtschaft, d'Fëscherei an d'Juegd maachen nëmme 6,5% vum PIB aus, obwuel e groussen Deel vun der Provënz aus Bëscher an Akerland besteet.

Biller

Um Spaweck

 Commons: Saskatchewan – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads