Schengen-Raum
Beräich vu 29 Europäesche Staaten ouni Grenzkontrollen From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Schengen-Raum, och Schengenraum, bezeechent ee virum allem d'Communitéit vun deene Staaten an der Europäescher Unioun, déi keng systematesch Persounekontrollen méi hunn. Zollkontrollen, virun allem tëscht de Memberstaate vun der Europäescher Unioun an Drëttstaate, sinn awer weiderhi méiglech. D'Reegele, déi un den Aussen- a Bannegrenzen vum Schengen-Raum gëllen – dozou gehéieren ë. a. stéckprouwenaarteg Persounegrenzkontrollen esouwéi systematesch Persounegrenzkontrollen aus speziellem Ulass – ergi sich net vun de Bestëmmungen iwwert de Schengen-Raum, mä aus enger Veruerdnung vum Schengener Grenzkodex.

Remove ads
Begrëff
De Begrëff geet op d'Uertschaft Schengen zeréck, well do d'Schengener Ofkommes vun 1985 ënnerschriwwe gouf, mat deem den éischte Schratt fir d'Ewechfalen vun de Bannegrenzkontrollen an Europa gemaach gouf. Dozou koumen d'Schengener Duerchféierungsofkommes vun 1990 an den Iwwergang vum ursprénglech vëlkerkontraktlechen Accord an d'Recht vun der Europäescher Unioun iwwer de sougennante Schengener-Besëtzstand vum 1. Mee 1999.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
![]() |
Commons: Schengen-Raum – Biller, Videoen oder Audiodateien |
![]() |
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |
Referenzen
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads