Schetzelbuer
Quell vun der Schetzelbaach From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Schetzelbuer ass d'Quell vun der Schetzelbaach am Gréngewald déi méi spéit no dem Zesummefloss mat der Réngelbaach d'Wäiss Iernz bilt. E läit op enger Héicht vun 370 Meter (NG-L).
Um Gebitt vun der Gemeng Steesel trëtt säi Waasser aus dem Lëtzebuerger Sandsteen, dem gréissten a wichtegsten Drénkwaasserspäicher vu Lëtzebuerg. Hiren Numm krut d'Quell vum séilege Schetzel, deen am 12. Joerhonnert an enger Hiel an der Noperschaft vun der Quell gelieft huet a säin Duuscht mam Quellewaasser geläscht huet. 1948 ass d'Quell vun enger Scoutsgrupp vum Lampertsbierg gefaasst a mat engem Waasserbaseng ausstafféiert ginn.
Remove ads
Biller
- De Schetzelbuer mam ieweschten Deel vun der Schetzelbaach.
- Schëld fir bei de „Schetzelbuur“ (sic)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
