Schof

From Wikipedia, the free encyclopedia

Schof
Remove ads

Schof (Gattung Ovis) si Mamendéieren déi idderzen an zu der Ënnerfamill vun de Geessendéieren (Antilopinae) gehéieren. D'Gattung Schof besteet aus ronn zwanzeg Aarten, zu deenen och déi wëll Schofaarten zielen, aus deenen d'Hausschof ervirgaangen ass, wéi z. B. d'Déckharschof (Ovis canadensis) an deen zu Lëtzebuerg méi bekannte Mouflon oder Muffelschof (Ovis aries musimon).

Méi Informatiounen Systematik, Wëssenschaftlechen Numm ...

Vun der Schofszuucht hier gi follgend Ausdréck gebraucht:

  • Schof: dat weiblecht Déier;
  • Widder, Schofsbock: dat männlecht Déier;
  • Lamm: dat jonkt Schof (bis 1 Joer al);
  • Lämmes: e jonkt männlecht Schof bis et geschlechtsräif ass;
  • Hammel: e "geluechten" oder geschniddene Widder.
Remove ads

Illustratiounen

Literatur

  • Dierichs, Günther, 2006. Schäfereikalender 2007. Schwerpunkt: Lebe für Schafe und mit Schafen. Verlag Eugen Ulmer, Stuttgart.
  • Fischer, Gerhard, Hugo Rieder, Regina Kuhn & Fridhelm Volk, 2004. Schafe – das Fotobuch für die Praxis. Verlag Eugen Ulmer, Stuttgart. (Kommentéiert Fotoen aus alle Beräicher vun der Schofhaltung a Veraarbechtung vu Schofprodukten)
  • Kennard, David, 2005. A Shepherd's Watch: Through the Seasons with One Man and His Dogs. Headline Book Publishing, London. (De Kennard, e Schofhiert zanter dem Alter vu siwwenzéng Joer, beschreift säi Liewe mat sengen Hënn an de Schof)
  • Sambraus, Hans Hinrich, 2001. Farbatlas Nutztierrassen. Verlag Eugen Ulmer, Stuttgart. (250 Rassen a Wuert a Bild)
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Schof – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads