Schuddenhaus

From Wikipedia, the free encyclopedia

Schuddenhaus
Remove ads

D'Schuddenhaus zu Ëlwen ass de Sëtz vun der Bibliothéik Tony Bourg a vun der Associatioun De Cliärrwer Kanton. Et ass och nach bekannt ënner dem Numm Adameshaus.

Thumb
D'Schuddenhaus aus Richtung Süden (2013)
Thumb
D'Schuddenhaus aus Richtung Norden (2013)

Geschicht

D'Schuddenhaus besteet aus zwéin Deeler. Op Grond vun der Dendrochronologie kann een dovun ausgoen, datt den ëstlechen Deel, deen Deel dee laanscht d'Strooss läit, am éischte Véirel vum 17. Joerhonnert gebaut gouf. De westlechen Deel ass héchstwahrscheinlech aus der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert.

Den Numm „a Schudden“ geet zeréck op den Nikolaus Schudt. Hie war am Ufank vum 17. Joerhonnert Meier vum Haff Ëlwe fir d'Grofe vu Klierf. Et ass och d'Gebuertshaus vum éischte Lëtzebuerger Bëschof, dem Nicolas Adames, deen do den 9. Dezember 1813 op d'Welt koum.

D'Haus gehéiert zënter dem Abrëll 1967 der Gemeng Ëlwen.

Nodeems datt Enn 2008 mat den Ëmbau- a Renovatiounsaarbechten ugefaange gouf, konnt zwee Joer duerno d'Tony-Bourg-Bibliothéik seng Dieren do opmaachen.

Remove ads

Quellen

  • N.H., 1937, Vom alten Schuddenhaus, dem Stammhaus des ersten Bischofs von Luxemburg: Nikolaus Adames. Luxemburger Wort, 13/08/1937, S. 5
  • Waringo, Raymond, 2000, Das ‘Schuddenhaus‘ in Ulflingen. De Cliärrwer Kanton, 2000/3, S. 77
  • Keup, Henri, 2011, Dat neit Doheem fir d'Bibliothéik Tony Bourg. De Cliärrwer Kanton, 2011/1, S. 10
  • Keup, Henri, 2015, Erinnerungen im Schatten der Ulflinger Franziskanerkirche. De Cliärrwer Kanton, 2015/ES, S. 107
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Schuddenhaus – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads