Science Festival

From Wikipedia, the free encyclopedia

Science Festival
Remove ads

De Science Festival ass e lëtzebuergesche Wëssenschaftsfestival deen am Kulturjoer 1995 entstanen ass an am Prinzip all zwee Joer ogehale gëtt. De Science Festival déngt derzou fir Wëssenschaftskultur a wëssenschaftlech Fuerschung zu Lëtzebuerg virzestellen, z'ënnerstëtzen a weiderzedreiwen. Zanter dem Joer 2005 gëtt de Festival am Gronn organiséiert, an de Raim vum Naturmusée a vun der Abtei Neimënster. De Science Festival gëtt vum Kulturministère, vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung a vum nationale Fuerschungsfong ënnerstëtzt.

Thumb
Roboter Atelier
Remove ads

Virstellung

De Science Festival soll op eng einfach, verständlech a spilleresch Manéier d'Technik, d'Mathematik an Naturwëssenschaften de Kanner, de Jugendlechen an natierlech och den Erwuessene méi no bréngen. Aus dem Staunen eraus an dem Virwëtz sollen de Visiteuren d'Geheimnisser vun der Wëssenschaft an Technik interaktiv an nom Motto Hands-on Science virgestallt ginn.

An den eenzelen Ateliere kann d'ganz Famill wärend de Weekender, souwéi Schoulklassen a Gruppen op Umellung an der Woch spannend a faszinant Phenomeener mat hire fënnef Sënner entdecken oder bei verschiddenen Experimenter selwer assistéieren a mat fuerschen. An den eenzele Virféierungen an Ausstellunge kann de Visiteur sech vum neiste Stand vun der Technik iwwerzeegen a sech informéieren oder sech bei Konferenzen un Debatte bedeelegen.

Déi eenzel Aktivitéite gi vu Lycéeën, Universitéiten, Muséeën, Entreprisen a vun soss nationalen an internationale Fuerschungsinstutitiounen organiséiert an duerchgefouert a sti sou an enkem Kontakt mam Bierger.

left
Remove ads

Editiounen

Méi Informatiounen Editioun, Datum ...
Remove ads

Um Spaweck

Thumb

Aner Wëssenschaftsfestivalen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads