Sherburne Wesley Burnham

amerikaneschen Astronom From Wikipedia, the free encyclopedia

Sherburne Wesley Burnham
Remove ads

De Sherburne Wesley Burnham, gebuer den 12. Dezember 1838 zu Thetford, a gestuerwen den 11. Mäerz 1921 zu Chicago, war en US-amerikaneschen Astronom.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...

Vun 1877 bis 1884 war hien Observateur am Dearborn-Observatoire zu Chicago, 1888 bis 1892 Astronom am Lick-Observatoire, duerno war hien Astronomie-Professer op der University of Chicago an Astronom am Yerkes-Observatoire.

Hien huet ronn 1.300 Duebelstären entdeckt, déi hien a säi „General catalogue of double stars“ (1906, 2 Bänn) agedroen huet.

1894 gouf hie mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent.

Remove ads

Um Spaweck

Kuckt och

Portal Astronomie

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads