Sherpa

Vollek am Himalaya From Wikipedia, the free encyclopedia

Sherpa
Remove ads

D'Sherpa, och Scherpa, sinn e Vollek dat am Himalaya, virun allem am Oste vum Nepal, lieft. Et ass wärend deene leschte 500 Joer, méiglecherweis aus der chineesescher Provënz Sichuan, an den Zentral- a Süd-Himalaya agewandert.

Thumb
Sherpa

Et gëtt hautdesdaags knapps 180.000 Sherpa. Den Numm heescht op Tibetesch "Vollek aus dem Osten".

An der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert hu brittesch Alpinisten an Aventuriere bei hiren Himalaya-Expeditiounen dacks Sherpa als Guiden oder als Porteuren engagéiert. Dofir gëtt den Numm "Sherpa" och als Synonym fir dës Aktivitéite gebraucht. Souguer am iwwerdroene Sënn gëtt bei politesche Sommetë vu "Sherpae" geschwat, fir déi Leit ze nennen, déi fir hir politesch Meeschteren d'Viraarbechte vun de Verhandlungen organiséieren.

De wuel bekanntste Sherpa ass den Tenzing Norgay, deen als Porteur 1953 mam Edmund Hillary als éischt Mënschen op der Spëtzt vum Mount Everest war.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Sherpa – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads