Sibiu
Stad a Rumänien From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Sibiu (Däitsch: Hermannstadt, Ungaresch Nagyszeben) ass eng mëttelalterlech Stad a Rumänien. Sibiu läit an Transsylvanien (Siwebiergen, dt: Siebenbürgen) an huet 134.308 Awunner (Stand 1. Dezember 2021)[1]. Et ass d'Haaptstad vum Bezierk (judet) mam selwechten Numm.
Sibiu gouf am 12. Joerhonnert vun däitschen Emigrante gegrënnt. Joerhonnertelaang hu si hir Kultur a Sprooch, déi e gewësse Glach mam Lëtzebuergeschen huet, kënnen erhalen. Mä ënner dem Nicolae Ceausescu senger Diktatur, a virun allem direkt no hirem Zesummebroch 1989-90, sinn déi meescht Leit an Däitschland ausgewandert; haut si just nach tëscht 1 an 2 Prozent vun der Bevëlkerung däitschsproocheg, déi aner schwätze Rumänesch, Romanés oder Ungaresch.
Zanter dem September 2004 steet déi historesch Alstad op der UNESCO-Lëscht vum Weltkulturierwen.
2007 war Sibiu zesumme mat der Groussregioun Lëtzebuerg, Europäesch Kulturhaaptstad.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Sibiu – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
