Siemens ES64U2
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Lokomotive vun der Siemens Serie ES64U2 sinn Lokomotiven aus der EuroSprinter Famill. Si ginn haut bei der DB (Serie 182), der ÖBB (Serie 1016 an 1116) an der MÁV (Serie 1047) agesat.
60 Maschinne gehéiere privaten Eisebunnsgesellschaften déi virun allem appreciéieren datt d'Lokomotive kënnen an Däitschland, Éisträich, der Schwäiz an Ungarn fueren.
Remove ads
Technik
D'Lokomotive goufen 1997 fir d'ÖBB entwéckelt a gebaut, well déi meescht Lokomotiven an Éisträich dee Moment scho bal 50 Joer um Bockel haten. D'Commande war vun Ufank un fir 2 verschidden Zorte Lokomotive, eng reng 15kV Lokomotiv fir Zich an Éisträich an eng Lokomotiv fir 15kV an 25kV fir den Trafic iwwer d'Grenz an Ungarn.
Ufank 2000 gouf déi éischt Lokomotiv ausgeliwwert.
Geräischer beim Ufueren
D'ES64U2 hunn d'Particularitéit datt dat Geräisch dat se beim Ufuere maachen, enger Tounleeder gläicht.
Remove ads
Asaz
Asaz bei der ÖBB
Bei der ÖBB kruten d'Lokomotiven de geschützten Numm Taurus(lat. Stéier). All d'Maschinnen si fir den Asaz mat Steierween ekipéiert.
D'1016 gi virun InterCity a Regionalzich an Éisträich an Däitschland agesat.
D'1116 gi virun allem am Gidder- a Persounentrafic mat Ungarn an der Schwäiz agesat.
Eng Rei vun den 1116 gi mat de Railjet Zich agesat, dëst sinn déi eenzeg ES64U2 déi hir Héchstvitesse vun 230 km/h erreechen.
Am Kader vun der Foussball-Europameeschterschaft 2008 goufe verschidde Lokomotiven an de Faarwe vun den Fändele vun de Länner ugestrach déi bei der EM dobäi waren.
Asaz bei der DB
Déi däitsch Bunn huet d'Serie 182 kaf well hir modern Gidderzuchlokomotive vun der Serie 152 net fir Éisträich konnten homologéiert ginn. Tëscht 2001 an 2009 sinn d'Lokomotiven nëmme mat Gidderzich gefuer. Datt ausgerechent déi DB-Lokomotive mat der héchster Vitess mat luese Gidderzich ënnerwee sinn ass héchst onrentabel an nodeem wéinst der Wirtschaftskris 2009 ze vill Lokomotive bei DB Cargo waren, si verschidden ES64U2 op Regionalexpress Zich an der Cottbuser Géigend agesat ginn.
Remove ads
Weiderentwécklung
Aus den ES64U2 huet Siemens eng Serie Lokomotive fir den Asaz ënner Gläich- a Wiesselstroum entwéckelt. Dat sinn d'Siemens ES64U4.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads