Simon Wright
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Simon Wright, gebuer den 19. Juni 1963 zu Manchester a Groussbritannien, ass e brittesche Museker. Hie war vun 1983 bis 1990 Percussionist bei der australescher Hardrock-Band AC/DC.
De Simon gouf dem Phill Rudd säin Nofollger. Hie gouf ënner Honnerte vu Percussionisten ausgewielt nodeem e sech op en Artikel am "Drummer wanted" am Melody Maker gemellt huet. Säin Tourdebüt hat hien op der Flick of the Switch-Tour, déi vun Oktober bis Dezember 1983 duerch d'USA gefuer ass.
Ufank 1990 ass hie vun AC/DC fortgaangen, a gouf direkt bei Dio als Percussionist agesat. D'Band gouf awer kuerz drop vum Ronnie James Dio opgeléist.
Spéider ass de Simon e Member vun der US-amerikanescher Band Rhino Bucket ginn, déi e vergläichbare Stil wéi AC/DC huet. En hat awer keng Chnace, well och déi Band huet sech kuerz Zäit drop opgeléist.
Dunn ass hie bei UFO als Percussionist agestallt ginn.
A senger Fräizäit spillt de Simon gär Darts.
Remove ads
Bands
- bis 1980 Tora Tora
- 1980–1981 A II Z
- 1982–1983 Tytan
- 1983–1990 AC/DC
- 1990–1991 Dio
- 1994–1995 Rhino Bucket
- 1995–1998 UFO
- 1998–2010 Dio
- zënter 2011 Dio Disciples
- zënter 2013 Geoff Tate's Queensryche/ zënter 2014 aneren Numm: Operation: Mindcrime
- zënter 2013: Hellion
Discographie aus der Zäit mat AC/DC
- 1985: Fly on the Wall
- 1986: Who Made Who
- 1988: Blow Up Your Video
Um Spaweck
| Commons: Simon Wright – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
