Sporting CP

From Wikipedia, the free encyclopedia

Sporting CP
Remove ads

De Sporting Lissabon ass nieft dem FC Porto an SL Benfica den drëttgreisste Foussballveräin aus Portugal.

Méi Informatiounen Offiziellen Numm:, Spëtznumm: ...

De Veräin aus der Haaptstad Lissabon ass bekannt fir seng performant Foussballschoul aus där scho vill Spiller erauskomm sinn, wéi de Luís Figo, Ricardo Quaresma, Simão Sabrosa, Hugo Viana, João Moutinho, Nani oder och nach de Cristiano Ronaldo.

De Sporting huet uechtzéngmol déi portugisesch Liga gewonnen a stoung 2005 an der UEFA-Coupe Finall.

Remove ads

Bezuch mat Lëtzebuerg

Den FC Stengefort fleegt eng Partnerschaft mam Sporting Lissabon. De 4. Juni 2007 gouf op enger Generalversammlung vum FC Stengefort den Numm op Sporting Stengefort geännert, fir d'Partnerschaft an d'Zesummenaarbecht mam Sporting Lissabon ervirzehiewen.

Um Spaweck

 Commons: Sporting Lissabon – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads