Staustuf Gréiwemaacher-Wellen

Staustuf op der Musel (L-D) From Wikipedia, the free encyclopedia

Staustuf Gréiwemaacher-Wellen
Remove ads

D'Staustuf Gréiwemaacher-Wellen (fr. Barrage-écluse de Grevenmacher) steet um Kanalkilometer 212,85 vun der Musel tëscht der lëtzebuergescher Uertschaft Gréiwemaacher an der däitscher Uertschaft Wellen.

Séier Fakten Typ, Geographie ...
Thumb
Historesch Loftopnam (1964) vun der Staustuf

D'Staustuf gouf vun 1962 bis 1964 am Kader vun der Kanaliséierung vun der Musel gebaut.

Remove ads

Elementer vun der Staustuf

Vum Lëtzebuerger Uwänner bis op déi däitsch Säit komme follgend Elementer hannereneen:

Eng Schëffsschleis fir grouss Schëffer: d'Schleisekummer ass 170 m laang an 12 m breet an huet eng Falhéicht vu 6,25 Meter. Den hydrostatesche Stauspigel ass bei 136,70 m (NG-L) mat duerno:.
  1. Enger Bootsrutsch fir kleng Booter, z. B. Kayaken
  2. Enger Bootsschleis fir Sportsbooter
E mobilt Wier mat 2 Segmentsschiberen a mat:
  1. Enger Leeder fir Éilen bannen an engem Pilier an der Mëtt vum Wier
  2. Enger Fëschleeder
  3. Engem Lafwaasserkraaftwierk dat vun der Cefralux, enger Duechtergesellschaft vun der SEO, bedriwwe gëtt.
Remove ads

Literatur

  • Giuliani, Alfred, 1966: "Les centrales hydro-électriques de la Moselle." pp. 88–115 in: Le port de Mertert et la navigation de la Moselle. Société du port fluvial, Mertert.

Illustratiounen

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Staustuf Gréiwemaacher-Wellen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads