Broschtbeen

platt Schank am Kierper vun de Wierbeldéieren From Wikipedia, the free encyclopedia

Broschtbeen
Remove ads

D'Broschtbeen ass eng platt Schank am Kierper vun de Wierbeldéieren. Beim Mënsch läit si an der viischter Mëtt vum Broschtkuerf. D'Rëpper, respektiv deenen hir Verlängerungen aus Knorpel, setzen un hir un.

Thumb
D'Broschtbeen beim Mënsch (rout).

De medezinesche Fachbegrëff ass Sternum. Dee Begrëff ass déi latiniséiert Versioun vum Algriichesche nστέρνον ("sternon"), dat Broscht bedeit.

De Mënsch huet ee Broschtbeen, dat d'Form vun engem Schwäert huet. Beim Mënsch a bei den Déiere besteet et aus dräi Deeler:[1],[2]

  • dem manubrium sterni: beim Mënsch den ieweschten Deel
  • dem corpus sterni: beim Mënsch den mëttelsten Deel
  • dem processus xiphoideus: beim Mënsch den ënneschte Wutz

Déi dräi Partie sinn iwwer Knorpelbrécke matenee verbonnen: symphysis manubriosternalis a symphysis xiphosternalis.

Vill Wierbeldéieren hunn e puer Broschtbeen, déi och eng aner Form hu wéi beim Mënsch.[3]

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Broschtbeen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. DocCheck Flexikon: Sternum
  2. Université Lyon 1: Le sternum (Anatomie 3D)
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads