Strokkur

From Wikipedia, the free encyclopedia

Strokkur
Remove ads

De Strokkur (Islännesch fir "Rompfaass") ass e Geysir no beim Floss Hvítá, am Südweste vun Island. All 6–10 Minutte kënnt et zu enger Eruptioun. Dobäi gëtt Waasser a Waasserdamp eng 15–20 m an d'Luucht gesprutzt, heiansdo souguer bis zu 40 m héich.

Thumb
Eng Eruptioun
Thumb
An der Rouphas

E läit am Haukadalur (Hauka-Dall) wou och aner geothermesch Aktivitéite leien, wéi Bullisvulkaner, Fumarolen, aner Geysiren, wourënner och de Geysir, no deem all déi aner genannt ginn.

De Strokkur gouf eng éischt Kéier 1789 ernimmt, nodeems en Äerdbiewn den Zoufloss deblockéiert hat. Am 20. Joerhomnert huet en anert Äerdbiewen dësen nees verschott, ma 1963 gouf e vun de Leit vun do nees fräigeluecht, sou datt seng reegelméisseg Eruptiounen nees méiglech konnte ginn.

Remove ads

Verlaf vun der Eruptioun

D'Biller leien eng Véierels Sekonn auserneen, gewise sinn deemno eng 2 Sekonnen.

Um Spaweck

 Commons: Strokkur – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads