T-35

From Wikipedia, the free encyclopedia

T-35
Remove ads

Den T-35 ass e 5-tiermege schwéiere russesche Kampfpanzer aus den 30er Joren. Den Tanks hat 5 Tierm, wat eng Raritéit ass. Hie war e Flopp, well e schlecht beweeglech war, d'Tierm schlecht ausgeriicht an hien eng staark Besatzung vun eelef Mann gebraucht huet.

Dëse Waffenartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Méi Informatiounen Russeschen T-35 Tanks, Allgemeng Donnéeën ...

Et goufen dovun 61 Stéck a 4 Serie produzéiert, d'Konstruktioun gouf dobäi all Kéier geännert. E war net fir Asätz am Gefecht gëeegent. Déi meescht Exemplaire waren zu Moskau stationéiert. Hien ass all Joer op militäresche Parade virgefouert ginn, wou en duerch seng Gréisst staark impressionéiert huet. Fir seng Gréisst war deen Tanks awer erstaunlech schwaach gepanzert.

Et gëtt ugeholl, datt e viru Moskau géint d'Wehrmacht agesat gouf. Am Verlaf vum Zweete Weltkrich sinn e puer Stéck der Wehrmacht an d'Gräpp gefall, déi dann d'Bezeechnung 751(r) kruten. Et existéieren och Fotoe vum T-35 virun Tarnopol.

Remove ads

Spezifikatiounen

  • Besatzung: 11 Mann
  • Panzerung: 11–30 mm
  • Gewiicht: 50 t
  • Längt: 9,72 m
  • Breet: 3,2 m
  • Héicht: 3,43 m
  • Motor: M-17M mat 500 PS
  • Héchstvitess: 30 km/h
  • Asaz-Rayon: 70–150 km
  • Bewaffnung:
    • Haapttuerm mat 76,2 mm 27/32 Haubitz
    • 2 Tierem mat 37 mm Kanounen (méi spéit 45 mm)
    • 2 MG-Tierm.

Um Spaweck

 Commons: T-35 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads