TLF

From Wikipedia, the free encyclopedia

TLF
Remove ads

En TLF (Ofkierzung fir dat däitscht Tanklöschfahrzeug), ass e Pompjeesgefier, dat mat engem grousse Läschwaassertank équipéiert ass, fir an engem Asazfall eng séier Éischtbrandbekämpfung ouni Waasserversuergung duerchféieren ze kënnen. Zu Lëtzebuerg existéieren, am Géigesaz zu Däitschland wéinst der DIN-Norm, souwuel Tankween mat Truppbesatzung, wéi och mat Staffelbesatzung.

Thumb
TLF4000

Asazgebitt

Tankween (TLF) hunn e Läschwaassertank an eng fest agebaut Pompel, fir an Asazsituatioune séier agräifen an en Éischtugrëff duerchféieren ze kënnen. Si ginn och agesat, fir, am Pendelverkéier mat méi Asazween, ofgeleeën Asazplaze mat Waasser ze versuergen, an och, no entspriechender Behandlung vum Tank, fir den Drénkwaassertransport.

Zu Lëtzebuerg hunn dee gréissten Deel vun de Corpsen am Land, (Fräiwëllege Pompjeeën, mä och Wierkspompjeeën, Fluchhafepompjeeën a Beruffspompjeeën) een oder méi TLF-Ween.

Remove ads

Pompjeestechneschen Opbau

Doduerch datt sech zu Lëtzebuerg net u bestëmmt Normen am pompjeestechneschen Opbau muss gehale ginn, hunn d'Corpsen hir Asazween mat engem TLF op d'Mooss a jee no Gebrauch complétéiert.

Zu de bekanntsten a gréisste spezialiséierte Firmen am pompjeestechneschen Opbau gehéieren:

  • Schmitz (D)
  • Rosenbauer (A)
  • Metz (D)
  • Vanassche (B)
  • Albert Ziegler GmbH & Co. KG vu Giengen an der Brenz a Baden-Württemberg
Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Tanklöschfahrzeug – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads