Tandur

From Wikipedia, the free encyclopedia

Tandur
Remove ads

En Tandur, op Hindi तंदूर, op Urdu ‏تندور‎, béides: tandūr, op Tierkesch tandır an op Englesch tandoor, ass e spezielle Bakuewen aus der indescher Kichen, dee mat Holzkuel gehëtzt gëtt. E besteet aus engem groussen zylindresche Krou aus Leem, deen am Buedem versenkt oder mat enger Schicht aus Speis isoléiert ass. D'Holzkuel gëtt am Fong ugefaangen an den Uewe gëtt op d'mannst zwou Stonne virgehëtzt.

Dësen Artikel iwwer d'Theema Gastronomie ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Thumb
En Tandur, aus deem Chapati-Brout geholl gëtt
Thumb
Schematesch Vue vun engem Tandur

Am Tandur gëtt d'Fladenbrout Naan an Chapati gebak, andeems et un déi waarm Säitewänn gedréckt gëtt. Doriwwer eraus gi Fleeschstécker op Spiisser gestach an an den Uewe gestallt, soudatt se deen néidegen Ofstand zur Glous hunn.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Tandur – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads