Matilda II (Tanks)

From Wikipedia, the free encyclopedia

Matilda II (Tanks)
Remove ads

Den A12 Infantry Tank Mark II Matilda II war e britteschen Infanterietanks am Zweete Weltkrich.

Méi Informatiounen Tank, Infantry, Mk II, Matilda II (A12), Allgemeng Donnéeën ...
Remove ads

Entwéckelung

Schonn 1936 gouf ugefaangen en Nofollger fir de Matilda I z'entwéckelen. D'Basis vum Panzer war den A7 Medium Tank. 1939 waren déi éischt Panzere vum Typ ausgeliwwert ginn. Am Ganze goufe bis 1943 eng 3000 Stéck hiergestallt. Den Nofollger vum Matilda II war de Valentine.

Asaz

Am Mee/Juni 1940, beim Iwwerfall vun der Wehrmacht op Lëtzebuerg, d'Belsch, Holland a Frankräich waren der nëmmen 23 dovun am Déngscht. Déi meescht koumen allerdéngs am Nordafrika-Krich zum Asaz, wou se am Ufank den italieenesche Panzeren iwwerleeë waren.

Varianten

  • Baron I, II, III, IIIA fir Minnen ze raumen
  • Matilda Scorpion I / II fir Minnen ze raumen
  • Matilda II CDL / Matilda V CDL (Canal Defence Light) hat e grousse Scheinwerfer montéiert fir och owes den Terrain ze beliichten.

Literatur

  • Forty, George; Jack Livesy (2006). The World Encyclopedia of Tanks & Armoured Fighting Vehicles. Lorenz Books. p. 55. ISBN 978-0-7548-1741-3.
  • George Forty, Jack Livesey: The complete guide to Tanks & Armored Fighting Vehicils, Southwater, 2012, ISBN-13 978-1-78019-164-5.

Um Spaweck

 Commons: Matilda II (Tanks) – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads