Temperatur

physikalesch Zoustandsgréisst From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Temperatur ass eng physikalesch Zoustandsgréisst. Wann zwéi Systemer ënnerschiddlech Temperaturen hunn, fléisst Wäermt vum System mat der héijer Temperatur an de System mat der niddreger Temperatur. Zwéi Systemer mat der selwechter Temperatur sinn am thermesche Gläichgewiicht.

Méi Informatiounen ...

Thermodynamesch ass d'Temperatur definéiert als d'Ännerung vun der bannenzeger Energie, no der Entropie bei festem Volume a Stoffmeng.

Op molekularem Niveau ass d'Temperatur en Equivalent fir d'gemëttelt kinetesch Energie () vun de Moleküllen. Fir de Billard-Kugel Modell gëllt d'Bezéiung:

Remove ads

Temperatur-Skalen an Eenheeten

Grad Celsius

Bei der Definitioun vun der Grad Celsius () Skala ass den Temperaturberäich tëscht dem Gefréierpunkt an dem Kachpunkt vum Waasser bei atmosphäreschem Drock () an honnert Eenheeten ënnerdeelt ginn. Dobäi ass de Gefréierpunkt vum Waasser als Nullpunkt festgeluecht ginn an dem Kachpunkt de Wäert 100 zougedeelt ginn. Fir Temperaturen an der Grad Celsius Skala gëtt meeschtens d'Formelzeechen oder geholl.

Kelvin

D'Andeelung vun der Kelvin () Skala ass déi selwecht wéi déi vun der Grad Celsius Skala an nom William Thomson, 1. Baron Kelvin genannt. Hei ass awer den Nullpunkt op déi thermodynamesch déifst méiglech Temperatur () geluecht ginn. Fir Temperaturen an der Kelvin Skala gëtt d'Formelzeechen gebraucht. D'Ëmrechnung vun an ass deementspriechend:

Temperaturen an der Kelvin Skala ginn och dacks thermodynamesch Temperatur oder absolut Temperatur genannt.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Temperatur – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads