Thalys

From Wikipedia, the free encyclopedia

Thalys
Remove ads

Thalys ass e Markenzeechen dat op der enger Säit ee bestëmmten TGV bezeechent, an op där anerer Säit och de Service dee vun der Eisebunn a Verbindung mat deem TGV gemaach gëtt. Den Thalys verbënnt Paräis mat Bréissel iwwer eng LGV-Streck an en huet Antenne vu do aus op Amsterdam a Köln. Op deene Linne mécht den Thalys den Déngscht zesumme mat aneren Héichvitessrammen, wéi den Eurostar an den ICE.

Thumb
Den Thalys an der Gare vun Trooz
Remove ads

Allgemenges

  • D'Wuert Thalys ass e Konschtwuert dat 1996 geschaf ginn ass fir de Service ze bezeechenen. Et zeechent sech doduerch aus datt et sech an alle Sproochen déi am Operatiounsgebitt vum Thalys geschwat ginn, gutt ausschwätze léisst.
  • Virum Asaz vum Thalys an der Belsch, Holland an Däitschland goufe grouss Sanéierungen, u Strecken déi bestanen hunn an deels Néibauten, zum Beispill d'Streck Léiwen-Ans, gemaach.
Remove ads

Déi verschidde Rammemodeller

Thalys PBA / Thalys PBKA
Thumb
Thalys PBA 4537
Thumb
Thalys PBKA 4343 am Kölner Hauptbahnhof
Modell PBAPBKA
Nummeréierung4532-45404301-4307 (SNCB)
4321-4322 (DB)
4331-4332 (NS)
4341-4346 (SNCF)
Stéckzuel917
ConstructeurAlstom
AchsefollegBo'Bo' + 2'2'2'2'2'2'2'2'2 + Bo'Bo'
Baujoren19951996-1997
AusmusterungNach a Betrib
Sëtzplazen377 (120 A + 257 B)
Déngschtmass:108,12 Tonnen
Längt iwwer Puffer50.200 mm
Héicht
ouni Pantograph
4.300 mm
Déngschtmass386 Tonnen
Héchstvitesse300 km/h
op LGV-Strecken
300 km/h op
25kV LGV-Strecken
250 km/h op
15kV LGV-Strecken
220 km/h op
klassesche Strecken
Stroumsystemer:1,5kV GS
3kV GS
25kV 50 Hz WS
1,5kV GS
3kV GS
15kV 16Hz WS
25kV 50 Hz WS
Leeschtung:8800 kW (3880 kW mat GS)
SécherheetETCS, TBL2, ATB, TVM
KVB, PZB (PBKA)

Den Thalys huet 27 Rammen, dovun 10 PBA a 17 PBKA.

Thalys Paräis-Bréissel-Amsterdam

D'Thalys PBA sinn d'Dräi-System Variant vum Thalys. Den Numm PBA steet fir Paräis-Bréissel-Amsterdam, wat Haaptstreck fir déi Zich ass.

D'Thalys PBA si speziell modifizéiert TGVen, mat engem spezielle Pantograph an dem Sécherheetssystem ATB, déi doduerch an Holland fuere kënnen. Mam Enn am Abrëll 2007 vun den Thalys-Verbindungen op Roissy bei den Disney Park, war eng vun de PBA-Rammen iwwerflësseg an ass zanterhier als TGV ënnerwee. Dat war d'Ramm 4531 déi lo als TGV Réseau ënner der Nummer 4551 leeft

Nieft der Verbindung Paräis-Bréissel-Amsterdam déi den Zich hiren Numm gëtt, lafen d'Thalys PBA och nach op de Verbindungen Ostende-Bréissel-Paräis a Léck-Namur-Charleroi-Paräis.

Thalys Paräis-Bréissel-Köln-Amsterdam

D'Thalys PBKA sinn d'Véier-System Variant vum Thalys. D'Modeller PBKA sinn technesch ekipéiert, fir a Frankräich, der Belsch, Holland an Däitschland kënnen ze fueren. Et fënnt een déi Zich virun allem op der Verbindung bis Köln, si hëllefen awer geleeëntlech och op den anere Verbindungen aus.

Wei all d'Automotricë vum TGV sinn d'PBA an d'PBKA koppelbar.

Remove ads

Strecken

Zwou Strecke goufen am Fréijoer 2015 zougemaach:

Modelleisebunnen

Vu Mehano a vu Märklin gëtt et den Thalys fir d'Spur HO a vun Hobbytrain fir d'Spur N.

Um Spaweck

 Commons: Thalys – Biller, Videoen oder Audiodateien
Thumb
D'Streckennetz vum Thalys.
Thumb
Eurostar an Thalys an der Paräisser Gare du Nord
Thumb
Den Thalis op der Streck Verviers - Léck vun hanne fotograféiert
Thumb
Den Thalys den 12. Oktober um 13.30 kënnt aus Richtung Verviers a fiert an d'Gare vu Léck eran. Foto gouf gemaach zu Angleur op der Linn 37 nieft der Ofzweigung vun der Linn op Marche (Linn 43), um KP. 102,925.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads