The Birth of a Nation

Film vum D. W. Griffith (1915) From Wikipedia, the free encyclopedia

The Birth of a Nation
Remove ads

The Birth of the Nation ("D'Gebuert vun enger Natioun") ass en US-amerikanesche Stommfilm aus dem Joer 1915, beim deem den D. W. Griffith Regie gefouert huet a Produzent war. D'Dréibuch baséiert um Roman The Clansman vum Thomas Dixon Jr. Et handelt sech ëm en Eepos an Drama iwwer den amerikanesche Biergerkrich an d'Reconstruction Era a Bundesstaaten am Süde vun den USA.

Séier Fakten Film, Produktiounsland ...
Remove ads

Ëm wat geet et am Film?

En erzielt d'Geschicht vun der Bezéiung vun zwou Famillen zur Zäit vum amerikanesche Biergerkrich an der Zäit vum Neiopbau (Reconstruction Era). Haaptprotagoniste sinn d'Famill Stoneman aus dem Norden, déi fir d'Unioun ass, an d'Famill Cameron aus dem Süden, déi fir d'Konfederatioun ass. Och de Muerd um President Abraham Lincoln an d'Grënnung vum Ku Klux Klan ginn dramatiséiert.

Kritik an Impakt

Thumb
D'Zeen, an där de Ku Klux Klan de Gus fänkt, en Afroamerikaner, deen am Film extreem negativ duergestallt gëtt a vun engem schwaarz ugemoolte wäisse Schauspiller portraitéiert gëtt.

D'Wierk war e kommerziellen Erfolleg an huet vill dozou bäigedroen, de Film als Medium an Amerika ze populariséieren. Et huet och gréisser Kritik provozéiert, zesumme mat Protester an Zensur wéi ni virdrun. Haaptkritikpunkt war seng Duerstellung vun der wäisser Virherrschaft a seng rassistesch Perspektiv; esou gi schwaarz Männer, vun deenen der vill vu wäisse Schauspiller a Blackface gespillt goufen, als domm, a wäisse Frae géigeniwwer sexuell aggressiv duergestallt. Gläichzäiteg gëtt de Ku Klux Klan als heroesch Kraaft portraitéiert. Dat huet wäitleefeg afroamerikanesch Protester géint de Film provozéiert, dorënner zu Boston. Gläichzäiteg sinn Dausende wäiss Awunner vun der Stad de Film kucke gaangen. D'NAACP huet ouni Erfolleg eng Campagne lancéiert fir de Film ze verbidden. Dem Griffith seng Indignatioun iwwer d'Versich, de Film ze zenséieren oder ze verbidden, huet hie motivéiert, d'Joer drop de Film Intolerance ze produzéieren.

De Film gëllt och als ee vun den Evenementer, deen d'Neibildung vum Ku Klux Klan am selwechte Joer am Bundesstaat Georgia inspiréiert huet. Zesumme mam Prozess an dem Lynche vum Leo Frank fir de Muerd um Mary Phagan am Joer 1913 zu Atlanta ass The Birth of a Nation vum Ku Klux Klan als Promotiounsmaterial fir Rekrutéierungen agesat ginn.

E war och den éischte Film, deen am Wäissen Haus gewise ginn ass. Mat enger Dauer vun dräi Stonne war de Film vill méi laang wéi déi aner Filmer zu där Zäit, déi no ongeféier enger Stonn eriwwer waren. Wéinst dem Griffith senger innovativer Technik an Erzielkraaft gëllt The Birth of the Nation haut als Meilesteen vun der Filmgeschicht. 1992 huet den amerikanesche Kongress de Film als "kulturell, geschichtlech oder estheetesch bedeitend" klasséiert an e gëtt am Nationale Filmregister erhalen.

Remove ads

Film

De komplette Film
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads