Thomas Chippendale

englesche Konscht- a Miwwelschräiner From Wikipedia, the free encyclopedia

Thomas Chippendale
Remove ads

Den Thomas Chippendale, gebuer 1718 zu Farnley am West Yorkshire an England, a gestuerwen den 13. November 1779 zu London, war ee Konscht- a Miwwelschräiner (cabinet and chair maker).

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...
Thumb
Chippendale - Still

Hie war e vun de bekanntste Miwwelschräiner vum englesche Rokoko. Hie gouf virun allem duerch säi Buch The gentleman and cabinet maker's director bekannt, dat hie 1754 erausginn huet. An dësem Buch huet hien 160 Miwwelstécker vu senger Zäit presentéiert.

1759 gouf hien an d'Society of Arts gewielt an hien huet eng Miwwelfabrék opgebaut.

No him ass den Chippendale-Stil benannt. Dorënner versteet een englesch Schreiw- a Sëtzmiwwelen, déi meeschtens aus Mahagoniholz gemaach sinn a mat Vergoldungen a Japanlack dekoréiert sinn. Dobäi gi Motiver aus dem Rokoko, der Gotik oder chineesesch Elementer gebraucht.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Thomas Chippendale – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads