Thomas David Anderson

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den Thomas David Anderson, gebuer de 6. Februar 1853 zu Edinburgh, a gestuerwen den 31. Mäerz 1932, war e schotteschen Amateurastronom.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Wéi hie fënnef Joer al war, hat him säi Papp de Koméit Donati gewisen a säi Kannermeedchen hat bei him den Interessi un der Astronomie waakreg gemaach.

Den Anderson hat Theologie studéiert an am Joer 1880 a Philologie promovéiert. Hien hat d'Astronomie awer net aus dem Bléck verluer. Hie gouf e schaarfen Observateur an hat zwou Novaen entdeckt: eng Nova am Stärebild Auriga am Joer 1892 an d'Nova Persei vun 1901.

Den Anderson huet eege Stärekaarte gemaach an hat 53 verännerlech Stären entdeckt. Deen éischte war de V Cassiopeiae am Joer 1893.

Fir seng Entdeckunge krut hien am Joer 1902 d'Jackson-Gwilt-Medail vun der Royal Astronomical Society iwwerreecht.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads