Broschtkuerf

Deel vum Kierper vun de Wierbeldéieren From Wikipedia, the free encyclopedia

Broschtkuerf
Remove ads

De Broschtkuerf, oder am medezinesche Jargon Thorax (vum algriichesche θώραξ "Broschtpanzer") genannt, ass en Deel vum Kierper vun de Wierbeldéieren. E gehéiert zum anatomesch zentralen Deel vum Kierper a a besteet aus de Rëpper, der Broschtwierbelsail an dem Broschtbeen. Zesumme ëmschléisse si e Raum, dee Broschthiel (lat.: cavum thoracis) genannt gëtt. Och den ieweschten Deel vun der Bauchhiel ass nach vum Broschtkuerf ëmschloss.[1]

Thumb
Eng Zeechnung vum mënschleche Broschtkuerf

Een Zweck vum Broschtkuerf ass de Schutz vun den Organer wéi de Longen an dem Häerz viru Verletzungen.

De Broschtkuerf ass d'Grondlag fir d'Broscht.

Eng Rei matenee verbonne Muskelen an der Broscht, dem Réck an dem Bauch (d'Zwerchfell) droen dozou bäi, datt de Broschtkuerf sech beim Ootmen ausdeent an zesummenzitt.[1]

Bei den Insekten, de Kriibsdéieren an den ausgestuerwenen Trilobiten ass den Thorax eng vun den dräi Haaptënnerdeelunge vum Kierper, déi sech erëm aus e puer Segmenter zesummesetzen. De Opbau vum Thorax huet an deem Fall net vill mat deem vum Broschtkuerf vun de Wierbeldéieren ze dinn.

Remove ads

Biller

 Commons: Broschtkierf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. DocCheck Flexikon: Thorax
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads