Tinnitus

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Begrëff Tinnitus aurium (lat.: "d'Schelle vum Ouer") oder kuerz Tinnitus bezeechent Geräischandréck, déi net duerch e Schallereegnes ausgeléist ginn.

Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!
Remove ads

Definitioun

Den Tinnitus ass eng akustesch Wahrnehmung vum Mënsch, déi zusätzlech zum Schall, deen op d'Ouer wierkt, "gehéiert" gëtt. Dës Wahrnehmung berout op enger Stéirung vun der Héierfunktioun vum Mënsch. Den Héierandrock vum Tinnitus huet also näischt mat dem Schall am Perimeter ronderëm de Patient ze dinn. Déi scheinbar gehéiert Geräischer kënne ganz verschidde sinn. Et faasst een ënner anerem déi follgend akustesch Andréck ënner dem Begrëff Tinnitus zesummen:

  • een oder e puer Brumm- oder Päiftéin
  • Rauschen
  • Donneren
  • Zwitscheren
  • Stëmmegewirr

Et gëtt net ëmmer e realt Geräisch, dat dee selwechten Héierandrock wéi den Tinnitus verursaacht.

Remove ads

Ursaachen

Et si vill Ursaache bekannt, déi Tinnitus ausléise kënnen. Dozou gehéieren:

  • Mëttelouererkrankunge mat Stéierung vun der Schalliwwerdroung
  • net genuch Sauerstoff am banneschten Ouer
  • Knalltraumata
  • Virusinfektiounen
  • Autoimmunerkrankungen
  • Entzündunge vum Ouer
  • Otitis media
  • Otitis externa
  • Ouereschmalz
  • Dauchaccidenter (Dekompressiounskrankheet oder Barotrauma)
  • Vergëftungen
  • Nikotin- und Alkoholmëssbrauch
  • Medikamenter
  • staarke Kaméidi (z. B. an Discoen)
  • Stress a Psychosomatik,
  • Schlofapnoe
  • Infekter vun den ieweschten Otemweeër
  • En Tumor vun de Gehéiernerven (Akustikusneurinom)

Et sinn awer och schonn Tinnitusfäll ouni erkennbar medezinesch Ursaachen opgetratt. Well vill Patienten a stressege Liewensphasen a Situatiounen, an deenen et hinne psychesch schlecht geet, verstäerkt Oueregeräischer héieren, ass op d'mannst e psychosomateschen Afloss net auszeschléissen.

Remove ads

Formen

Am germanophone Raum ënnerscheet een tëscht dräi Tinnitusformen, jee nom Zäitraum iwwer deen een den Tinnitus héiert:

  • akuten Tinnitus (bis 3 Méint)
  • subakuten Tinnitus (bis 6 Méint)
  • chroneschen Tinnitus (iwwer 6 Méint)

Therapien

Fir d'Behandlung vum Tinnitus aurium ginn déi verschiddenst Therapien ugewannt, allerdéngs konnt bis elo bei kenger Therapie eng Wierksamkeet wëssenschaftlech nogewise ginn.

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads