Tonsor
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Tonsor war am Réimesche Räich d'Bezeechnung fir e Coiffer. En huet net nëmmen Hoer geschnidden, mee e war och dofir zoustänneg senger Clientèle de Baart ze maachen an hir Fangerneel ze schneiden. Ënner de räiche Leit vum réimesche Räich war et Brauch, datt ënner de Sklaven op d'mannst ëmmer een en Tonsor war.
Vun dëser Beruffsbezeechnung leet sech den typeschen Hoerschnëtt bei Pateren of: d'Tonsur.
| Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich. |
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads