Tony Neuman

lëtzebuergeschen Affekot From Wikipedia, the free encyclopedia

Tony Neuman
Remove ads

Den Antoine (Tony) Neuman, gebuer den 20. Juni 1902 zu Feelen, a gestuerwen den 29. Januar 1979 zu Cap-Ferrat, war e lëtzebuergeschen Affekot, Nottär, Gaardenamateur a Konschtmäzen.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Hie war President vum Verwaltungsrot vun der ARBED, President vun der Chambre de commerce a Vizepresident vum lëtzebuergesche Roude Kräiz.

Um Lampertsbierg huet den Tony Neuman bei senger Villa e grousse Park mat Arboretum uleeë gelooss, deen hien dem Roude Kräiz hannerlooss huet. De Park Neuman gëtt vun der Stad Lëtzebuerg betreit an ass fir jiddwereen op.

Remove ads

Säi Liewen

No senger Première am Kolléisch studéiert den Tony Neuman Droit zu Paräis an zu Alger, gëtt dann Affekot an Nottär, fir d'éischt zu Réimech (1929), duerno zu Diddeleng (1937 - 1947), do och fir d'ARBED.

  • Vun 1927 bis 1928 war hie President vun der ASSOSS.
  • Vun 1939 un war hie Member a vun 1946 bis 1976 Vizepresident vum Verwaltungsrot vum lëtzebuergesche Roude Kräiz.
  • Vun 1961 bis 1972 war hie President vum Verwaltungsrot vun der ARBED.
  • Vun 1959 bis 1974 war hie President vun der Chambre de commerce.

1947 huet den Tony Neuman eng Villa mat groussem Gaart an der Avenue de la Faïencerie um Lampertsbierg (Stad Lëtzebuerg) kaaft. 1959 huet hien d'Propriétéit duerch Ukaf erweidert an huet den Alphonse Hollmann als Gäertner engagéiert, deen de Park a senger haiteger Form ugeluecht huet.

Den Tony Neuman war Konschtamateur a Mäzen. A sengem Gaart, dem haitege Parc Tony-Neuman, goufe Skulpture vu lëtzebuergeschen an auslännesche Kënschtler (ë. a. vum Lucien Wercollier a vum Henri Laurens) installéiert. A senger Villa huet hie méi dacks säi Frënd Edward Steichen empfaangen.

Remove ads

Gielercher

  • {{OONC| (Promotioun 1954)[2]OMANCHC
  • {{OCC| vun der Belsch (Promotioun 1953)[3]OMANCHC

Literatur

Um Spaweck

 Commons: Tony Neuman – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. (fr) Distinctions honorifiques. Luxemburger Wort. viewer.eluxemburgensia.lu (6. Juli 1968). Gekuckt de 07.08.2023.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads