Tony Schmit

lëtzebuergesche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den Tony Schmit, gebuer als Antoine Jean Schmit den 21. Oktober 1888 zu Waarken[1] a gestuerwen den 1. Juli 1956 zu Ettelbréck[2], war e lëtzebuergeschen Deputéierten (Rietspartei, resp. CSV) a Bauer vu Waarken.

Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Hie gouf bei de partielle Chamberwale vum 6. Juni 1937 fir d'éischt als Deputéierten aus dem Walbezierk Norden an d'Chamber gewielt. Am Mäerz 1945 krut hie seng Nominatioun als Member vun der Assemblée consultative a bei de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 gouf hie an d'Chamber zeréck gewielt, geneesou wéi bei de partielle Chamberwale vum 3. Juni 1951 a bei de Chamberwale vum 30. Mee 1954 an ass bis zu sengem Doud Deputéierte bliwwen[3]. Och säi Papp Jean-Pierre Schmit war schonn Deputéierte gewiescht.[4],[5]

Hie war och vun 1937 bis zu sengem Doud Member vum Gemengerot vun der Gemeng Ettelbréck.[3]

Remove ads

Gielchen

Referenzen

  1. Doudesannonce vum Tony Schmit am Luxemburger Wort vum 4. Juli 1956 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 8. Januar 2022
  2. "La composition de la Chambre des Députés depuis 1944." In: Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 2003-2004 (du 14 octobre 2003 au 5 juin 2004), édité par le Greffe de la Chambre des Députés, Luxembourg 2006, S.59-60.
  3. "Eloge funèbre à l'occasion du décès de M. le député Tony Schmit." Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés] du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 1955-1956, 40e séance, 3 jullet 1955, C-1955-O-040-0002.
  4. Memorial A N° 10 vun 1950 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads